· 

Resultater KIDS an TEENS CUP 30/09/2023

Resultat:

+++RESULTATER KIDS an TEENS CUP 30/09/2023+++
Ganz gudd Resultater konnten eis 2 Equipen desen Weekend am KIDS an TEENS Cup feieren. Eis Kids hun dobei en Parcour sans faute gemeet, an konnten hier 3 Matcher mat 3-0 gewannen. Mat deem Resultat landen sie dann verdingt op der 1. Plaatz.
Net grad sou perfekt hun et eis TEENS gemeet. Nodeems sie den 1. Match 3-0 forfait gewannen, an den 2. Match geint Grousbous och mat 3-0 gewannen konnten, hun sie leider den decisiven Match em Plaatz 1. ganz knapp mat 1-2 geing Ell verluer. Mat 2 Matcher dei erreicht am 5. Saatz verluer goungen, hätt et hei secherlech aanecht keinte goen. Op alle Fall hun sie mat der 2. Plaatz awer och en super Resultat. Nexten Weeken ass dann den 2. Tour.